Roud Wäiss Rosé asbl

English Deutsch francais

Wäifrënn(dinnen) an all déi wou gären ee gutt Glas Wäin drénken.
Hei e puer Erklärungen zum neie Club:

Am Grand-Duché fanne mir eng grouss Offer vu Wäiner aus alle Länner vun der Welt. Amplaz no neie Produiten ze sichen , konzentréiere mir eis léiwer op de regionale Marché , op d’Wënzer an d’Wäinhändler aus der Groussregioun. Bei dëser grousser Offer vun e puer dausend Wäiner ass et schwéier säin eegene Choix ze treffen a vill vun eis sinn op deene groussen Dégustatiounen  iwwerfuerdert a verluer

D’Roll vum Club ass déi vun engem Vermëttler/Beroder tëscht Wënzer/Händler an dem Konsument. Bei deene 4 järlechen Dégustatiounen vum Club ginn eng 15 Wäiner presentéiert , ni déiselwecht , an ëmmer der Saison entspriechend.

De Präis pro Fläsch entsprécht dem offizielle Präis vum Wënzer/Händler , d.h. dem korrekte Präis , dee vum Wënzer oder Händler festgeluecht ginn ass .  Keng  Braderie an  onduerchsichteg Offeren ,och kee Wucher an domat ee séchere Kaf fir d’Memberen.

De Club gëtt duerch eng Remise bei der Gruppebestellung finanzéiert a këmmert sech em d’Facturatioun an d’Liwwerung vun den eenzelnen Bestellungen.

De Club organiséiert och Visite bei de Wënzer fir een direkte Kontakt mat de Veräinsmemberen ze kreéieren. Weider Projete sinn Seminäre mat Experten iwwert richteg Schmaachen.

Wéi dir gesitt, riicht sech dëse Club net nëmmen un all Wäikenner , mee och un all déi Leit  wou eng Geleeënheet siche fir de Wäin op eng einfach Manéier kennenzeléieren , un di jonk Generatiounen , an doduerch  d’Zukunft vun eiser Musel ze garantéieren.  

Dégustatiounen 2024 am Restaurant Kohn zu Altwies

Dënschdeg 4. Juni         Donneschdeg 12. September        Dënschdeg 3. Dezember

Fir de Comité Marc Krier,  Präsident